Schlappentourist

(Text: Luc Guillaume)

Gekluft wéi en Häipi, en Hittchen um Kapp
En Dräibiz en Trëllert, ass éiweg am Schapp
E weess net wouhin mä et geet an d’Vakanz
E leet sech do an d’Sonn mat senger décker Panz

Schlappentourist, Schlappentourist, du bass op der ganzer Plage bekannt,
Schlappentourist, Schlappentourist, du bass de Klunni hei vum Strand

All moies e Buffet, voll mat Gefréiss
Huet just Box a Strëmp un, d’Sandalen an de Féiss
E frësst ewéi e Bagger e schëppt nëmmen eran
E léisst sech et gutt goen bis en net méi kann

Schlappentourist, Schlappentourist, du bass op der ganzer Plage bekannt,
Schlappentourist, Schlappentourist, du bass de Klunni hei vum Strand

A laut et fir Mëtteg da mécht d’Strandbar op
No 15 Humpen stellt hien d’Bud op d’Kopp
Seng Zong gëtt méi labber hien séngt all Lidd mat
De Schmatt, de Schmatt dee bréngt säi Meedche mat

Schlappentourist, Schlappentourist, du bass op der ganzer Plage bekannt,
Schlappentourist, Schlappentourist, du bass de Klunni hei vum Strand

Owes ass Fiesta do ass hien mat derbäi
E léisst d’Fatze fléien, um Tour bei de Sai
D’Geld gëtt verpolvert déi Al gëtt versat
Hie souz eng Nuecht am Prisong dat ass d’Resultat