De Béier leeft ëmmer

Text: Michel & Luc Guillaume

De leschte Week-End sinn ech op eng Party gaangen

Ech hu gehofft do danzen d’Fraleit un de Staangen

Ech hu mech drop gefreed, lo fei’re mir wéi Fréier

Mä dat eenzegt wat gelaf ass war de Béier

Ech souz alleng am Puff tëschent zwou Klonten

Well meng 3 Kollegen einfach net méi konnten

Ech hu geduecht lo geet et séier, lo gees de run ewéi ee Stéier

Mä dat eenzegt wat gelaf ass war de Béier

Gëschter wollt ech mat der Mausi iesse goen

An dunn hat hat den Apéro net verdroen

Dajee ,mäi Jong duecht ech lo profitéier

Mä dat eenzegt wat gelaf ass war de Béier

D’Gebuert vum Kand war mol net sou uerg

Mä du sot déi brav Madame schneit d’Schnouer duerch

Wat sollt ech dann do man ech hat keng Schéier

Mä dat eenzegt wat gelaf ass war de Béier

An eisem Liewen do geschéien ganz vill Saachen

Déi eng si béis iwwer anere muss’ mer laachen

Dat Liddchen hei dat ass eis viläicht eng Léier

Well dir wësst jo wat hei leeft dat ass de Béier

Dat Liddchen hei dat ass eis viläicht eng Léier

Well dir wësst jo wat hei leeft dat ass de Béier