Den Tun vun der Bunn

Text: Michel Guillaume

Moies fréi do geet et lass, e freet sech schon op de Beschass

Sou kritt hien seng Zäit gutt ëm, den Tunn vun der Bunn

Duerno eng Stonn de Sak gekraazt, gefuerzt, geräpst dat ass säin Schaatz

Bis ët endlech Mëtteg gëtt, den Tun vun der Bunn

Den Tun vun der Bunn, badabadaba

Den Tun vun der Bunn, badabadaba

Hien ass zwar fein mä ëmmer midd, gëtt eréischt no véier fit

Fiert just mam Zuch ass ni geflunn, den Tun vun der Bunn

Vreckt geschafft a voll gefries, de Luxbazar an d`Bild gelies

En huet et immens schwéier, den Tun vun der Bunn

Giischt am Fouss, den Zipperlein, ei dat gëtt e Krankeschäin

Rëm e Gronn fir fräi ze hunn, den Tun vun der Bunn

Den Tun vun der Bunn, badabadaba

Den Tun vun der Bunn, badabadaba

Hien ass zwar fein mä ëmmer midd, gëtt eréischt no véier fit

Fiert just mam Zuch ass ni geflunn, den Tun vun der Bunn

De Feierowend ass gläich do, hie freet sech drop dat ass keng Fro

Geet bei de Jos an d`Wirtschaft ran, den Tunn vun der Bunn

En Humpen an eng Quetsch derbäi, ei lo huet en endlech fräi

Mä muer muss hien rëm schaffen, ähem..op d`Aarbecht goen, den Tun vun der Bunn

Den Tun vun der Bunn, badabadaba

Den Tun vun der Bunn, badabadaba

Hien as zwar fein mä ëmmer midd, gëtt eréischt no véier fit