Mausi-Lidd

Text: Michel Guillaume

Du waars plakeg an ech och

Ënnert d`Decken si mir gekroch

D`Stëmmung déi war genial

Fir net ze soen genital

Deng Hand déi rutscht ëmmer méi déif

Gewackelt huet souguer meng Zéif

Iers du dunn richteg waars lass

E Schoss am Diwwi gelant ass

Ech sot Mausi, dat goung mir ze séier

Bréng mir mol e Béier da ginn ech nees fit

Hatt sot Stuppi, da gëss de nach méi midd

An dunn hunn ech, just en Äerdbirsyoghurt kritt

No 10 Minutten hin an hier

War hien rëm do dat soen ech dir

Fänk dach u mäi klengen Hues

Soots du zu mir ganz ganz lues

Ech kussen dech och du ganz duuss

Vun denger Stir rof bis bei d`Hand

Ënnen tëschent denge Wueden

De Won vrum Schapp rëm ofgelueden

An ech sot Mausi, dat goung mir ze séier

Bréng mir mol e Béier da ginn ech nees fit

Hatt sot Stuppi, da gëss de nach méi midd

An dunn hunn ech, just en Äerdbirsyoghurt kritt

Wéi soll een dat als Mann da packen

Wann hatt huet esou schéin Aen

Vill Gepiddels hin an hier

Bass du lo gaang ewech vu mir

Du bass lo fort mat Kaz an Hond

Mä ech hu meng Erliichtung fonnt

Mam Bäischlof kann ech et vergiessen

Mä all Dag meng 2 Yoghurt iessen

An ech sot Mausi, du kanns mech muschelen

Wie wëll dann nach kuschelen, wann et Béier gëtt

Hatt sot näischt méi, et huet lo en Neien

Da kann deen Aarmen, sech op säi fetten Oa*** geheien.