Dat kann ee flécken

None

Matten an der Nuecht,

10 Humpen an der Panz, d`lescht Geld beim Wiert gelooss

Et ass glat dobaussen mä ech kennen jo meng Mooss

Deen éischte Bam war mäin, de Flick krut mäi Führerschäin

Du koum de gielen Engel mam Hellegeschäin

Dat kann ee flécken, dat kann ee flécken, dat kann ee flécken soen ech dir

Dat kann ee flécken, dat kann ee flécken, dat kann ee flécken sot hien mir

Moies fréi,

Meng Fra déi seet zu mir komm maach du Haut mol d`Wäsch

Du hat ech dach vergiess ze huelen d`Schrauwen aus der Täsch

Et huet ganz haart gekraacht, dat Aalt net méi gelaacht

Du sot ech zu him: Lauschter mol Stupp

Dat kann ee flécken, dat kann ee flécken, dat kann ee flécken soen ech dir

Dat kann ee flécken, dat kann ee flécken, dat kann ee flécken soen ech hir

Mëttesstonn,

Mäi Chef dee sot zu mir, géi mam Bello virun d`Dier

Wuffwuff, hechelhechel, koum den Autobus vu vir

De Chauffeur op der Brems, de Bello just nach eng Flemms

Oh Pardon Monsieur, ech hat äre Mippchen net gesinn. Mä wësst der wat?

Dee kann ee flécken, dee kann ee flécken, dee kann ee flécken soen ech iech

Dee kann ee flécken, dee kann ee flécken, dee kann ee flécken sot hien mir

Owes spéit,

D`Flemm vum Dag gehat, Doheem war zougespaart

Lo gees de mol bei d`Klonte eran well ech sinn zimlech schaarf

Eng Braatsch op mech gewaart, de Männi net méi haart

Entschëllegt Madame wat soll ech domat man?

Dee kann ee flécken, dee kann ee flécken, dee kann ee flécken soen ech dir

Dee kann ee flécken, dee kann ee flécken, dee kann ee flécken sot si mir