Den ale Jabel

Luc Guillaume

Ech muss mol bei den Dokter goen, ech fille mech net ganz wuel

Eng Revisioun vun A bis Z, de Käppi kléngt och huel

D’Asprëtzung ass indirekt, den Offlossschlauch gerass

Wann d’Baken net méi halen, jo da gëtt an d’Box geschass

Bréng en Hummer an e Meessel an da béie mir dat riicht.

Alles dat wat drëchen ass dat kréie mir nees fiicht.

Mat e bëssen Ueleg gëss de nees geschmiert,

An du wäerts gesinn dass däin ale Jabel fiert.

En Zucken an deem lénken A ech brauch villäicht e Brëll

A Plazen déi soss super waren, déi bleiwe just nach mëll

Meng Hänn déi ziddere fierchterlech, kréi’n Glas net méi gehal

Villäicht e Manktum Alkohol oder ginn ech ieren al

Bréng en Hummer an e Meessel an da béie mir dat riicht.

Alles dat wat drëchen ass dat kréie mir nees fiicht.

Mat e bëssen Ueleg gëss de nees geschmiert,

An du wäerts gesinn dass däin ale Jabel fiert.

D’Knéischeiwen déi sinn och näischt méi, se doe just nach wéi

Da gin se eben rausgeholl ech brauch déi jo net méi

De Vidange misst een och mol man, de Kierper gëtt entschlackt

Da muss ee ganz vill pisse go’en an ‘t gëtt manner gekackt

Bréng en Hummer an e Meessel an da béie mir dat riicht.

Alles dat wat drëchen ass dat kréie mir nees fiicht.

Mat e bëssen Ueleg gëss de nees geschmiert,

An du wäerts gesinn dass däin ale Jabel fiert.

Verstinn net wat dat Aalt mer seet, et huet scho sou en Hals

D’Oueren eng kéier duerchgespullt a fräi gemaach vum Schmalz

Kribbelen an deem rietse Been e Krämpchen an der Wued

D’Prostate misst kontrolléiert gin, mä do sinn ech verbruet

Bréng en Hummer an e Meessel an da béie mir dat riicht.

Alles dat wat drëchen ass dat kréie mir nees fiicht.

Mat e bëssen Ueleg gëss de nees geschmiert,

An du wäerts gesinn dass däin ale Jabel fiert.

Bréng en Hummer an e Meessel an da béie mir dat riicht.

Alles dat wat drëchen ass dat kréie mir nees fiicht.

Mat e bëssen Ueleg gëss de nees geschmiert,

An du wäerts gesinn dass däin ale Jabel fiert,