Fett sinn

Text: Michel Guillaume

Ech iessen gesond a keen Dreck, beim Kaffi just Eeër mat moerem Speck

Do ass jo kee fett dran

Keen Zocker maachen ech mir a mäin Téi, 7-8 Natreen kee méi

T`ass jo kee fett dran

Mëttes just eng kleng Zalot, mat Thon a Saumon ass ugesot

Well ausser Omega 3 ongesiedegt Fettsaieren, ass jo kee Fett do dran

Firwat sinn ech dann ëmmer mat menger Panz gehäit,

Am Mc Donalds drénken ech dach nëmmen Cola Light

Eng Zoossisschmier ouni Botter huet dach kee Fett, Fett, firwat sinn ech sou fett?

Op meng lecker Mettwurscht kënnt mol keng Mayonnaise

Aus beschtem Rouerzocker ass gemaach mäi Gebeess

Meng Fritten man ech just am beschte Biofett, Fett, firwat sinn ech sou fett?

Owes just e Bifdek vum Rand

Ouni Zooss dat versteet all Kand

Well do ass jo d`Fett dran

E klenge Pättchen Rouden nach

Dat hieft de Bluttdrock aus dem Lach

An t`ass kee Fett dran

Duerno Schockela virun der Këscht

Mee net dee Wäissen dat ass just Mëscht

Well do ass wéi bewisen dat béist Fett a keng Omega3 ongesiedegt Fettsaieren dran