D’Geld regéiert d’Welt

Text: Michel & Luc Guillaume

Mir sinn all sou houfreg eist Ländchen ass sou schéin

Mä kee Mënsch ass zefridden, si denke just un d’Spéin

Villäicht en décken Auto eng Posch vum Witton’s Lou

Dat ass näischt fir dee leiten vu mir kritt dee kee Sou

An deenen bessere Kreesser, jo do parléiert een

Déi lëtzebuergesch Wieder déi kennt net jiddereen

E Fliger ass en Avion a Moien heescht Bonjour

Se fueren mat der Voiture hunn d’Mammesprooch verluer

A wat hunn se un??

GutschiGutschiGutschi Arrmaanii

En neien Doft vum Bruno Bannaani

Kocko Schannell a Börberi

Doltschee ee Gabanna c`est pas mon style

GutschiGutschiGutschi Arrmaanii

Eng 1000 Euro Box vum @ Haardi

De Präis ass egal t`Haaptsaach t`gefält

Well si mer éierlech, d`Geld regéiert d`Welt

Eng gutt gebootschte Gromper mat engem Läffel Brach

Do schuddert sech mäin Noper deen huet e Stäerekach

Sechs Auto’en huet dee Kärel an zwee dovun mat Staër

Dofir huet seng Madämchen hien trotzdem nach net gär

Op éischter Plaatz seng Aarbecht, da kënnt d’Famill un d’Rei

Egal op Fra op Kanner, dat Wichtegst ass dach d’Pai

Seng Aal déi ass gestrafft ginn, t’gesäit emol sou aus

Si kritt all Mount hier Sprëtzen, den Dokter kënnt an d’Haus

A wat huet en un??

GutschiGutschiGutschi Arrmaanii

En neien Doft vum Bruno Bannaani

Kocko Schannell a Börberi

Doltschee ee Gabanna c`est pas mon style

GutschiGutschiGutschi Arrmaanii

Eng 1000 Euro Box vum @ Haardi

De Präis ass egal t`Haaptsaach t`gefält

Well si mer éierlech, d`Geld regéiert d`Welt

Ass d’Péng dann iwwerstanen, an d’Falen aus der Stir

Nach séier parfüméiert, do schellt et un der Dir

E flotte jonken Männchen, e Bild vun engem Mann

Dee kennt Si lo beglécken, well hiren net méi kann

A wat huet en un??

GutschiGutschiGutschi Arrmaanii

En neien Doft vum Bruno Bannaani

Kocko Schannell a Börberi

Doltschee ee Gabanna c`est pas mon style

GutschiGutschiGutschi Arrmaanii

Eng 1000 Euro Box vum @ Haardi

De Präis ass egal t`Haaptsaach t`gefält

Well si mer éierlech, d`Geld regéiert d`Welt