De blonde Rom

(Text: Michel Guillaume)

Mäin Numm musst dir verhalen, ech sinn e gäilen Typ,
Brong gebrannt ass meng Haut, sinn ëmmer schéin an hip
Mäi Pupes deen ass knackeg, meng Aen sinn himmelblo
E stramm gebaute Kierper, dat ass jo guer keng Fro

Nenn mech de blonde Rom, an ech si rommel rommel
rommeldomm

Hei lénks dat ass mäin Jenny a riets mäi Josephine
Do hanne wénkt och d`Karin an hannendrun mäi Lynn
Soll ech Haut den Owend eent huelen mat Heem
Oder et gläich knuppen, hei bei de Kiischtebeem

Nenn mech de blonde Rom, an ech si rommel rommel
rommeldomm

An ech zéien duerch d`Nuecht vu Bar zu Bar, mäi Liewen dat ass eng Freed
Fraleit léien mir zu Féiss,
Och wann se mech just huelen wann se si gutt breed

Geléiert hunn ech guer näischt, domm sabbelen mäi Beruff
Hänke just beim Wiert of an heiansdo am Puff
Wollt schaffen goen op d`Gemeng, mee hunn do och näischt fonnt
An de Chef dee sot just, Romain du bass ze blond

Nenn mech de blonde Rom, an ech si rommel rommel
rommeldomm

Ech sinn en aarme Jong, fuere Fiesta a kee Benz
A menger Box ass näischt lass, keen Drock méi op der Strenz
Ech son iech just dat leiten, verhaalt iech gutt mäin Numm
Well an dësem Lidd hei hun ech iech ugelunn

Nenn mech de blonde Rom, an ech si rommel rommel
rommeldomm

SOLO

Nenn mech de blonde Rom, an ech si rommel rommel
rommeldomm

Nenn mech de blonde Rom, an ech si rommel rommel
rommeldomm, Kourommeldomm