Deng Miissi

Text: Michel Guillaume

Et gi vill Déieren op der Welt

Mä et gëtt keent wat mir sou gefält

Am beschten do gefält mir dach, deng Miissi

Se ass sou duuss an och sou zaart

Zerkraatzt mer och emol de Baart

Mä trotzdem hunn ech se vill gär, deng Miissi

Schnurr schnurr, kraz kraz, miau miau, jo dat ass deng Miissi.

Huet se mol gespillt am Reen

Da war se naass bis un d`Been

Ob fiicht ob dréchen ech hunn se gär, deng Miissi

Huet se mol eng Maus verschlong

Katzt se mir déi op d’Schong

Mä ech kann hier net béis sinn, denger Miissi

Schnurr schnurr, kraz kraz, miau miau, jo dat ass deng Miissi.

Mä enges Daags do war se vreckt

Si huet keng Mëllech méi geleckt

Keen Toun méi huet se vun sech ginn, deng Miissi

E Camion huet se platt gemaach

Säit deem hunn ech ni méi gelaacht

Hunn se verbuddelt am Gaart beim Kiischtebam

Kräisch kräisch, schluchz schluchz, plärr plärr, se ass platt deng Miissi

Kräisch kräisch, schluchz schluchz, plärr plärr, se ass vreckt deng Miissi