De Straupejitzert

(Text: Luc Guillaume)

Mäin Numm ass Louis François, si Coiffeur an der Stad
Ech hunn e klenge Mippchen, d’Leit soen t wär eng Rat
Meng Lieblingsfaarf ass rosa, déi ass sou wonnerbar
Do kritt ee wierklech alles, souguer e Wondabra

Ech sinn de Straupejitzert, Straupejitzert, Jitzt
De Straupejitzert, Straupen, schnibeldiwapp

All Méindes mëttes ginn ech mam Chouchou bei Namur
Ech drénken do en Téichen an dann an d’Manikür
Apenhoer zupfen, do stinn ech wierklech drop
Do geet mir d’Héngerhaut aus, ech sinn eng kleng Salope

Ech sinn de Straupejitzert, Straupejitzert, Jitzt
De Straupejitzert, Straupen, schnibeldiwapp

Lo gesinn ech frësch aus, a ech kann rëm ënnert d’Leit
Well ech si jo och keen Typchen deen friem Kontakter scheit
Eng Kippchen viru Mëtteg, dat muss elo emol sinn
Ier dass ech mam Chouchou op de Soupé ginn

Ech sinn de Straupejitzert, Straupejitzert, Jitzt
De Straupejitzert, Straupen, schnibeldiwapp

Fir da mäin Dag ze kréinen ginn ech op d’Sonnebänk
Do Loossen ech mech verwinnen vum Pascal a vum Fränk
Ech leien do ze bruzzlen, mon Dieu wat deet dat gutt
Ech sinn lo brong a knackeg vum Ouer bis un d’Rutt

Ech sinn de Straupejitzert, Straupejitzert, Jitzt
De Straupejitzert, Straupen, schnibeldiwapp

Wat hunn ech dach e Liewen, dir beneid mech sécher all
Matt kengem wéilt ech tauschen, dat ass dach kloere Fall
D’Leit soen ech wär anescht, vu riets op lénks gedréit
Et ka kee mech verstoen, wann een sech net beméit

Ech sinn de Straupejitzert, Straupejitzert, Jitzt
De Straupejitzert, Straupen, schnibeldiwapp

Straupejitzert, Straupejitzert, Jitzert
Straupejitzert, Straupen, schnibeldiwap schnipp schnapp