De Schmatt

Text: Michel Guillaume

Mäi Papp dee sot gëff Zaldot, mä ech wollt,

Just dat ginn wat ech well, jo just dat

Ech wëll gär Schmatt ginn, Schmatt ginn

Dat ass dat wat ech wollt.

Jo einfach Schmatt ginn, Schmatt ginn Schmatt sinn ass mäin Dramberuff

Meng Mamm déi sot Affekot, mäi Jong dann,

Ass däi Brout scho gebak, mä Mamm

Ech wëll gär Schmatt ginn, Schmatt ginn

Dat ass dat wat ech wollt.

Jo einfach Schmatt ginn, Schmatt ginn, Schmatt sinn ass mäin Dramberuff

Meng Bom déi sot hues versot, domme Bouf

Am beschten gees de mat der Schëpp, an eng Grouf

Mä ech wëll Schmatt ginn, Schmatt ginn

Dat ass dat wat ech wollt.

Jo einfach Schmatt ginn, Schmatt ginn, Schmatt sinn ass mäin Dramberuff

D`Liewen huet mech wéi sou oft, ugelunn

Wou sinn ech da wuel gelant, op der Bunn

Mä ech wollt Schmatt ginn, Schmatt ginn

Dat ass dat wat ech wollt.

Jo einfach Schmatt ginn, Schmatt ginn, Schmatt sinn ass mäin Dramberuff

Am nächsten Liewen wäert ech vläicht, kee Schmatt sinn

Sou laang ech net bei Arcelor a Mittal ginn

Ech well bei d’ARBED, ARBED

Do ass de Stol an der Rei

Jo, jo bei d’ARBED, ARBED, déi hunn do dat schéinste Gezei

Jo, jo bei d’ARBED, ARBED, déi hunn do dat schéinste Gezei