Eis Wierker


MAT SCHRÉIPS AN TÉITSCH

(2015)
Eisen neien Duebel Album „Mat Schréips an Téitsch“ ass elo eraus. Eng CD fir déi Grouss mat 12 Lidder an eng fir déi Kleng mat 4 Kannerlidder plus Karaoke Versioun.
Dir kritt en am Cd Buttek beim Palais, an der Brasserie „Um Tennis“ um Sennéngerbierg an zu Jonglënster an der Lënster Stuff. Natierlech kënn der en och op iTunes eroflueden oder op eise Concert‘en kafen. Dir kënnt eis och einfach schreiwen iwert eise Kontaktformulär da kënne mer iech eng heemschécken!



ALZENGER OKTOBERFEST

(2013)
Am Kader vum Oktoberfest zu Alzeng hunn d‘Dëppegéisser e Lidd geschriwwen als Identitéitslidd vun dësem flotten Event an dir fannt d‘Lidd op iTunes:



ONGESCHLAFF

(2012)
Den éischten Album „Ongeschlaff“ ass wéi der bestëmmt scho gemierkt hudd eraus. D‘CD Release war einfach genial, vill Leit a gutt Stëmmung. Hei kënn der dann och e puer Fotoen vun deem Owend kucke. Dir kritt eisen Album op iTunes,kënnt en op eise Concert‘en an och am CD Buttek beim Palais kafen. Selbstverständlech kritt der en och bei engem vun eis a villäicht kënne mer iech d‘CD och heem schécken! 😉
Dir kënnt iech jo mol bei eis mellen!