Den Dëppgéisser ass e Beruff deen scho laang a Vergiessenheet geroden ass. Hien ass vun Duerf zu Duerf gezunn an huet de Leit hier Dëppen an d’Besteck gefléckt a gebotzt. Als Géigeleeschtung krut den Dëppegéisser eng Molzecht an eppës ze drénken. Si hunn sech geduecht daat wär et dach, just dat si keng Dëppe kenne flécken, mee si maachen dofir Musek an ënnerhalen d’Vollek.
Hier Musek ass einfach a witzeg (fanne si mol). Si huelen d’Leit e bëssen op d’Schëpp, halen de Spigel dohinn an huelen sech och selwer net ze eescht. Niewent deenen zwee Bridder, sinn och de Laurent(Bass) an de Bobby(Tromm) e feste Bestanddeel vun den Dëppegéisser ginn. Heiansdo stéisst emol deen een oder anere Musekant mat bäi wat an aller Hisiicht eng Beräicherung fir de Quartett ass. Bekannten an eegen Melodien mat eegenen, lëtzebuergeschen Texter.
Si hunn och schon dat eent oder anert Lidd am Radio gespillt an och den emolegen Velofuerer Kim Kirchen krut vun hinnen e Lidd geschriwen: Kim Kim Kimi Kirchen
De 4. Februar 2012 endlech, kënnt den éischten Dëppegéisser Album eraus mam Titel „ONGESCHLAFF“. Op dësem Album sinn 13 Lidder drop.
Fir d‘Alzénger Oktoberfest 2013 sinn d‘Dëppegéisser gefrot ginn fir dësem flotte Fest en Identitéitslidd ze schreiwen.
Fir d‘Schouljoër 2014/2015 gouf den Text vum Lidd „D‘Geld regéiert d‘Welt“ ausgewielt fir an d‘Lëtzebuerger Liesbuch „ Lies de bal“ publizéiert ze ginn.
De 24.Oktober 2015 war 10.Joer Feier vun der Band an d‘Album Release vun „Mat Schréips an Téitsch“. Fir deen Event gouf och e klenge Film gedréit deen als Ouverture vum Uuchtenowend(Album-Release an 10.Joerfeier)gewise gouf.