Sportslidd

Text: Michel Guillaume

D`Lafschong, am Schaf verstëbst

6 Grad dobaussen, wat eng Hëtzt

Den Jogging passt, scho laang net méi

De Bléck am Spigel, deen deet wéi

Magnesium, dee steet prett

Ech muss`t just packen aus dem Bett

E Been an d`Luucht, et deet scho wéi

Krenondijëfft, de Kramp am Knéi

Knapps virun der viischter Dier, vun uewen kënnt eng Dusch

Wéi schued soen ech mir, a séier rëm op d`Couche

Emol de Mount gëtt Sport gemaach, mam Keeleclub beim Wiert

Verletzungen sinn ausgeschloss, soulaang meng Fra Heem fiert

Emol de Mount gëtt Sport gemaach, mat Ham, Fritten Zalot

Muskelkueder gëtt et net, just Buttek, mol am Stot

En neie Velo, dee muss hier

Ech trau‘ mech soss net, virun d`Dier

3 Mill gedréit, wëll keng Blamage

E steet dach just, an der Garage

De beschten Outfit, hunn ech kaf

Et kënnt näischt drun, hänkt just am Schaf

Ech sinn e groussen, Optimist

Jo falls ech wierklech, fuere misst