Merci

Text : Luc Guillaume

Zënter Laangem spill’ mir de Clown, ouni dass mir Merci so’n

Ongeschlaff sou triede mer op, stellen eis fir iech op d’Kopp

E Laachen an e klenge Bléck, kucke mir op d’Joren z’réck

Frou Stonnen hu mir hei verbruecht, fir d’Stëmmung do hu dir gesuergt

Mir soe Merci, einfach Merci, dass dir zou eis stitt

Mir soe Merci, einfach Merci, dass dir ni d’Nues voll kritt

Mir soe Merci, einfach Merci, et ass geschitt

Vill Lidder vun der Séil geschriww, et feelt och alt emol den Driw

En Humpen an da leeft déi Saach, d’Gedanke fräi a vill gelaacht

Dir hutt eis ni am Stach gelooss, duerch iech do kenne mir eis Mooss

Sangt dach mat dës Melodie, mat iech vergeet eis d’Loscht dach ni