De friemen Uji vun Tënten

Text: Luc Guillaume

Soubal hien moies aus de Fiederen

Do gëtt sech scho mat Wäiwaasser gewäsch

Beim Kaffi an der Bibel bliederen

E Rousekranz huet hien a senger Täsch

Dee schäinhellege Patréiner

Kiert sou gär vrun aneren hirer Dier

Seng Kanner sinn nach laang keng Schéiner

Mä hie kann natierlech näischt dofir

De friemen Uji vun Tënten

Deen deen e sicht jo dee fënnt en

De friemen Uji vun Tënten

Deen deen e sicht jo dee fënnt en

Hien ass oft verletzt a senger Éier

Mat Noperen leet hien sech gären un

Da gëtt en well ewéi e Stéier

Hie mengt hie géif vun hinnen all bedrunn

All Sonnden schéckt hien hinnen d’Flicken

Beschwéiert sech d’Musek wär ze haart

Gëff dech dach lo mat deenen Tricken

Soss schäisst mäin Hond dir muer nees an de Gaart

De friemen Uji vun Tënten

Deen deen e sicht jo dee fënnt en

De friemen Uji vun Tënten

Deen deen e sicht jo dee fënnt en

Nee dee Mënsch ass net ze bremsen

Dee geet engem fatzeg op de Geescht

Ech weisen deem lo gläich seng Grenzen

Da gëtt him duerch d’Schlëssellach geseecht

Sou Leit wi den Usch misst ee schloen

Dir kennt bestëmmt och een esou

Déi een e Liewe laang ploen

Ouni déi do hätte mir eis Rou

De friemen Uji vun Tënten

Deen deen e sicht jo dee fënnt en

De friemen Uji vun Tënten

Deen deen e sicht jo dee fënnt en