Et knirscht

Text : Michel Guillaume

Ech sëtze gär a menger Sandkëscht

Mat menger Schëpp a mengem Eemer

Hunn dem Poli seng Pännche gefëscht

Zum Gléck ass hien en Dreemer

De giele Sand fonkelt a mengen Aan

Matt mengem klenge Reech sinn ech Chef hei dran

Meng Hänn di gräifen sou fest wéi e Kran

Niamniam lecker e Grapp voll eran

Refrain:

An et knirscht an et grunscht an et brockt an et schläift

Et bruet an et muelt, tëschent mengen Zänn

Et huwwelt an et piwwelt do mengs de dach du misst

A schmaacht et mol net gutt, dann hat den Hond dohi gepisst

Meng Lieblingsglace ass Stracciatella

Vanill, Mokka Schokela

Eng déck Bull läit uewendrop

Da sinn ech ëmmer ganz gutt drop

De Poli stéisst mech d`Bull fält erof

Ech gi sou rosen am Gesiicht ganz mof

Meng lecker Glace am Kräsi läit

Egal si gëtt awer ragehäit

Refrain

An et knirscht an et grunscht an et brockt an et schläift

Et bruet an et muelt, tëschent mengen Zänn

Et huwwelt an et piwwelt do mengs de dach du misst

A schmaacht et mol net gutt, dann hat den Hond dohi gepisst

Bréck:

Kee Computer oder Telé ka mir mäi Sand ersetzen

Ech packen en hallwen Eemer, domat kann ech mech bretzen

An et knirscht an et grunscht an et brockt an et schläift

Et bruet an et muelt, tëschent mengen Zänn

Et huwwelt an et piwwelt do mengs de dach du misst

A schmaacht et mol net gutt, dann hat den Hond dohi gepisst

An et knirscht an et grunscht an et brockt an et schläift

Et bruet an et muelt, tëschent mengen Zänn

Et huwwelt an et piwwelt do mengs de dach du misst

A schmaacht et mol net gutt, dann hat den Hond dohi geseecht