Moossaarbecht

Text: Michel Guillaume

Jo an der Zeitung, gesinn se riseg aus

Mä wann ech mäin da kucken, `t ass eppes wéi eng Laus

Dem Noper säin um Pissoir, ëmmer méi grouss wéi mäin

Intresséiert dat, da wierklech guer kee Schwäin ?

Et kënnt dach net op d`Längt un seet meng Maus zu mir

Wat wier ech frou wann et wierklech sou wier. Hatt seet :

Léiwer e Mëllen fir ze fëllen / ouni Pëllen, wéi ze waarden ob en Haarden

Léiwer e Klengen an e Rengen, wéi e Groussen fir ze stoussen

Léiwer e Kuerzen fir ze muerksen, wéi e Laangen ouni Erbaarmen

Léiwer en Dënnen do Ënnen, wéi en Décken wou s de muss nodrécken / fir ze técken.

Fréier am Fussball goung ech mol an d`Dusch

D`Situatioun war deemools scho ganz lusch

Meng Matspiller ware gutt bestéckt

Just ech hu mech an den Eck verdréckt

Bréck:

Et kënnt dach net op d`Längt un

Sot d`Madame an der Buvette

Wat wier ech frou

Wann se wierklech Recht hätt. An se sot :

Léiwer e Mëllen fir ze fëllen , wéi ze waarden ob en Haarden

Léiwer e Klengen an e Rengen, wéi e Groussen fir ze stoussen

Léiwer e Kuerzen fir ze muerksen, wéi e Laangen ouni Erbaarmen

Léiwer en Dënnen do Ënnen, wéi en Décken fir ze técken.

Léiwer e Mëllen fir ouni Pëllen, wéi ze waarden ob en Haarden

Léiwer e Klengen an e Rengen, wéi e Groussen fir ze stoussen

Léiwer e Kuerzen fir ze muerksen, wéi e Laangen ouni Erbaarmen

Léiwer en Dënnen do Ënnen, wéi en Décken wou s de muss nodrécken.