D’Liewen ass kee Kichelchen

Text: Luc & Michel Guillaume

Beim Neelen op den Daum gehan

Vu Fraleit gëss de ni verstan

Vum Waasser gëss de och net voll

D’lescht Geld krut ech vum Wiert geholl

Dat Aalt schléit Zodi an der Bud

Gi bei d’Jongen do brennt nach Luucht

Refrain:

D’Liewen ass kee Kichelchen

Schreif dat an däi Bichelchen

Schnäiz dech an däin Dichelchen

Well d’Liewen ass kee Kichelchen

Ongewollt koum ech op d’Welt

Am Liewen war ech ni en Held

Ech sinn net schéin an och net räich

En aarmen Däiwel, kräisch kräisch kräisch

Dat Aalt schléit Zodi an der Bud

Gi bei d’Jongen do brennt nach Luucht

Refrain

Am Bistro hänken ech beim Patt

Mat mir drénkt laang scho kee méi mat

Am léifsten war ech op der Knupp

Mä lo sinn ech an dësem Club

Dat Aalt schléit Zodi an der Bud

Gi bei d’Jongen do brennt nach Luucht

Refrain

Ass mir mol net wuel doheem

Stinn ech och alleng am Reen

Ass däi Liewen op der Kopp

Da spanen si de Präbbeli op