Jumbogang

Text: Michel Guillaume

„Ech begréissen iech ganz häerzlech op eisem Vol

Och wa mir si ganz séier kréie mir keen Pretekoll, kee Pretekoll“

Hues de mol den Eekel a wëlls eng kleng Rees man

Kaf der dach en Ticket fir op de Findel oder Hahn

D`Handgepäck ze grouss, keng Plaz méi an der Waliss

Vergiess net d`Thrombosestrëmp soss kriss de rëm eng Wariss

T`ass déi flott Madame, aus dem Jumbogang

T`ass déi flott Madame, aus dem Jumbogang

„Komm dir Monsieur sëtzt iech hei an äre Sëtz. Mir kucken no iech mir si sou séier wéi de Blëtz.“

Eng Kamell fir ze lutschen, eppes fir tëschent d`Zänn

A fir d`Propretéit, en Dichelchen fir d`Hänn

Eng Mini-Béchs mat Cola e Whisky fir d`Stëmm

Du brauchs just ze froen, et ass dach guer net schlëmm

T`as dee flotten Typ, hie këmmert sech ëm d`VIP

T`as dee flotten Typ, hie këmmert sech ëm d`VIP

“Da komm dir Madame hei ass d’Toilett, mä vergiesst net är Geen rëm

stramm fest ze zéien dono. Well dir wësst jo wann Turbulenze kommen,

da geet et mol e Strapp méi séier.”

D`Rees as gläich eriwwer, mir kommen op en Enn

No der Landung, penibel geklappt an d`Hänn

D`Deckelen vum Handgepäck déi gi ganz féx op

An dee léiwen Typ, gesäit aus nach ëmmer top!

T`ass déi flott Madame, aus dem Jumbogang

T`ass déi flott Madame, aus dem Jumbogang

„Dir Dammen an dir Hären, ech géng iech bieden eng bequem Sëtzhaltung anzehuelen, äre Sëtz riicht ze stellen an ären Dësch anzeklappen. Oh Monsieur wat hu dir awer do eng prall gefëllte Katztut.“

T`as dee flotten Typ, hie këmmert sech ëm d`VIP

T`as dee flotten Typ, hie këmmert sech ëm d`VIP

T`ass déi flott Madame, aus dem Jumbogang

T`ass déi flott Madame, aus dem Jumbogang