Du bass gutt geroden

Text: Luc Guillaume

Deng Mamma ass keen Hellen, dat mierkt een wann se schwätzt

E flotten Aasch vun hannen an Hoer op de Klätz

Am léifste steet däi Papp am Kalzong baussent der Dier

Mä du, du bass hiert bescht Geschir

Du, nëmmen du, du bass gutt geroden

Du nëmmen du, du bass sou schéin

Du, nëmmen du, du bass gutt geroden

Du nëmmen du, du bass sou schéin, du bass sou

wonner wonner schéin, du bass sou schéin

Däi Monni ass kee Gudden, mä en huet eng stramm Maschinn

Seng Fra déi weit dat duebelt an dann déi Fiseminn

D’Tigerleggins mécht hier Been nach laang net schlank

Mat Tréinen an den Aen geleet vun deem Gestank

Du, nëmmen du, du bass gutt geroden

Du nëmmen du, du bass sou schéin

Du, nëmmen du, du bass gutt geroden

Du nëmmen du, du bass sou schéin, du bass sou

wonner wonner schéin, du bass sou schéin

D’Ketty huet de Metti mat der Wichsbiischt an der Hand

Sou frech wéi Rotz a sténkeg, dat ass dach allerhand

Pak bei Pak gesellt sech gär, dat weess dach all Kand

Géint dech do so’n ech näischt do bleiwen ech charmant

Du, nëmmen du, du bass gutt geroden

Du nëmmen du, du bass sou schéin

Du, nëmmen du, du bass gutt geroden

Du nëmmen du, du bass sou schéin, du bass sou

wonner wonner schéin, du bass sou schéin