Den aarme Geescht

Text: Luc Guillaume

No 1-2 Pätt do gëtt hie kéng

Mä frech gëtt hien eréischt no zéng

E streit mat jiddferengem hei

Versäift am léifsten seng ganz Pei

Seng Spiichten si bei eis bekannt

All Owes gëtt de Wiert vernannt

Säin Aalt léist hien lo net méi drun

Well hien huet hat bedrunn

Refrain:

Oh mäi léiwe Männi, wat hues du gestiicht

Oh mäi léiwe Männi wien hues du geb…

Blumme schenken hëlleft näischt

Et huet och kee Wäert dass e kräischt

Verdrësslech ass hien Dag an Nuecht

Déi huet en op der Kusch verbruecht

Komplimenter zéien net

Och wann hien säin Häerz ausschëdd

Hatt ass lo de Chef am Haus

An hie flitt gläich eraus

Refrain

Sou Männer sinn eng komesch Zort

Kee Wak méi an och d’Fra gläich fort

De Männi hei jo deen hat Pech

De krut zerguttst de Kapp gewäsch

Weess net wat hien maache kann

Doheem do kënnt en net méi eran

E wunnt lo bei de Gaardestill

Oh wat en Trauerspill

Refrain