Bauer sinn

Text: Luc Guillaume

E Bugger mat grousse Moulen, ech hunn en décken Haff

Wann ech mäin Silo weisen, jo da sinn se all’guer Paff

Läinzeechen hunn ech masseg, ech hunn zwou lénker Hänn

Mä kräische man ech guer net, ech bäissen op d’Zänn

Mëschtkoub, Piff an Héngerjuck, e Bauer sinn ech gär

All Dickelchen weess hei Bescheed, dee leiten ass den Här

An ass et däischter Nuecht dann an d’Leit sinn all am Bett

Da geet fir mech de Spaass un, meng Stiwwele sti scho prett

D’Schaffbox jo déi bleift hänken, den Trakter ass schonn un

Hu just e Lattexstring un, ’t gi puer Kreesser gezunn

Mëschtkoub, Piff an Héngerjuck, e Bauer sinn ech gär

All Dickelchen weess hei Bescheed, dee leiten ass den Här

E Stall och voll mat Hénger , dee beschten Hunn am Duerf

Wien hei bei mir wëll gackeren, dee kritt ganz gär de Kuerf

Ech hunn déi décksten Eeër, den Dueder ass schéin zaart

Ech ka roueg behaapten dass der Mailchen dat schmaacht

Mëschtkoub, Piff an Héngerjuck, e Bauer sinn ech gär

All Dickelchen weess hei Bescheed, dee leiten ass den Här