De Siggi
(Text: Michel Guillaume)
1964, war et fir dech gedon,
An och Haut nach emmer,
ka kee Mensch daat verston
Deng Schinne si bei d'Arbed gaang
Ageschmolt dier gouf et baang
Goudron drop an oofgeschloss,
Sou goufs de oofgeschoss
Bréck:
Mee zum Gléck hu mer nach de
Ministère du dévelopement
durable et des infrastructures:
Siggisiggisiggi Bimmelbunn, méi séier wéi mam Jet geflunn
Vum Kierchbierg bis roof ob d'Gare as dach einfach wonnerbar
Siggisiggisiggi Bimmelbunn, matt dier si mer super drun,
Och wanns du sou de
ier wars gëss de richteg Gas
Lo leien deng nei Schinnen, am Zentrum vun Europa,
Laanscht d'Bankeparadäis, do grujelt sech mäi Bopa
An och duerch d'Allee Schaeffer,
Kee Beemche méi do steet
Daat as guer net schlëmm
De Gréngewald sech freet
Bréck:
Mee
zum Gléck hu mer nach de Ministère du dévelopement
durable et des infrastructures,
départements des transports
Siggisiggisiggi Bimmelbunn, méi séier wéi mam Jet geflunn
Vum Kierchbierg bis roof ob d'Gare as dach einfach wonnerbar
Siggisiggisiggi Bimmel
bunn, matt dier si mer super drun,
Och wanns du sou deier wars gëss de richteg Gas