Den Téinert

Text: Luc Guillaume

Ech hunn, ech weess, ech sinn, dee beschten op all Linn
Ech héiere mech gär schwätzen, mä et ka kee mech gesinn
Ech sinn zwar imposant, mä dat geet nach net duer
Dat wat ech alles kann, dat gi dir lo hei gewuer

Spuer däin Otem Alen, a spruddel dach doheem
Do béien d’Zéiwenneel sech an och alleguer d’Gummibeem
Géi trëppel lo däi Piedchen a looss eis all mat Rou
Am Beschten hal fir ëmmer deng topeg Gabber zou

Dir mengt ech wär blöd, mä dir sidd all verlunn
Dee lei dat ass keen Téinert, u mech do kënnt kee run
Meng Schëllere sinn aus Eisen an ech hunn e breede Réck
An deen dee mech beleidegt, dee kritt eng an d’Genéck

[Refrain]

Ech friessen an ech saufen sou vill wéi ech gär wëll
A wa mäin Häerz mol rabbelt jo dann huelen ech eng Pëll
Oh et ass sou herrlech, mäin Houfert dee blénkt
D’Liewen ass sou einfach wann een sech just bedéngt

[Refrain]

Et wëll keen op mech lauschteren, well ech hunn ëmmer Recht
Wat ass dann do sou schwéier, kuck ewéi dee lei et mécht
Ech kann näischt fir mäin Ego, ech si numol bekannt
Vu mir do kënnt der léieren gesitt dat endlech an

[Refrain]

Ech kéint nach weider fueren, mä so mer et wär gutt
Et ass jo sonnekloer dir zitt lo all den Hutt
Äddi, Salut ech ginn lo, ech hunn nach vill ze dinn
D’ganz Welt déi waart schonn op mech, se solle mech gesinn

[Refrain]

[Refrain]

[Refrain]