Prinzessin

(Text: Luc Guillaume)

Ech wollt sou gär Prinzessin sinn mat Kroun a schéinem Rack
A gëlle Schong mat Blimmercher aus glitzer-rosa Lack
Ech wollt sou gär e groussegt Schlass mat wäissem Päerd a Prënz
Ech hu missen e Lausbouf sinn wéi s de an de Bicher fënns
Ech hu missen e Lausbouf sinn wéi s de an de Bicher fënns

Mat Poppe spillen duerft ech net just Camion, Auto, Kran
Eng Poppekutsch hunn ech ni kritt, dat hunn ech ni verstan
Mat Schiertech an der Kiche sto’n dat war mäi gréissten Dram
Wann ech nach haut drun denke muss da gëtt mäin Hierz mer waarm
Wann ech nach haut drun denke muss da gëtt mäin Hierz mer waarm

Ech hat emol de Knéi geschruppt gepëffert huet et och
Grouss Jongen, nee déi kräischen net, dat war dem Papp säi Sproch
Drop gespaut an ofgewëscht, nee dat war net schéin
Scho koum aus mengem klengen Aan eng Krokodilentréin
Scho koum aus mengem klengen Aan eng Krokodilentréin

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *