Lausbouwentricken

(Text: Luc Guillaume)

6 Zillen an e Briet fir drop
Da klammen ech den Hiwwel rop
D’Pedallen dréie vill ze schnell
Dat geet fir d’Gosch an och fir d’Schell

Schalalalalalala, dat si Lausbouwentricken
Schalalalalalala, dat geet och mol fir

Schalalalalalalala, do blut och mol de Knéi

En Autospneu u Ketten hänkt
Krut ech vum Bopa Jemp geschenkt
Héich geflunn just kuerz gelaacht
Mam Kapp riicht duerch den Drot gekraacht

Schalalalalalala, dat si Lausbouwentricken
Schalalalalalala, dat geet och mol fir
Schalalalalalala, dat si Lausbouwentricken
Schalalalalalalala, do blut och mol de Knéi

En décke Rondel Zoossisswupp
Deen hunn ech bei der Bom geschuppt
Eng Knaus a Mayonnaise derbäi
Ass besser wéi all Huewerbräi

Schalalalalalala, dat si Lausbouwentricken
Schalalalalalala, dat geet och mol fir
Schalalalalalala, dat si Lausbouwentricken
Schalalalalalalala, do blut och mol de Knéi

En Tintekiller Réierchen
Pabeier gutt geknätscht
Dee pecht dem Jeff um Éierchen
Ei wat hat dat gutt geflätscht